oflaf
Dir hutt iech decidéiertDir wëllt e Video produzéieren. Wat sinn déi nächst Schrëtt?
Berodung
All Film fänkt mat enger perséinlecher Berodung un.
Deelt mir Är Iddien, Gedanken an Ziler fir de Film, den ech plangen, mat. Ech beäntwere gezielte Froen an lauschteren opmierksam no. Op dëser Basis fanne mir zesummen dat beschte Format fir är Filmproduktioun.
Konzeptioun
Zesummen entwéckele mir e professionellt Konzept, dat bei Iech passt.
An enker Zesummenaarbecht mat Iech verfeineren ech dëst Konzept bis an déi klengsten Detailer. Ech erstellen Dréibicher, Storyboards an Dréipläng, fir dass jidderee beschtens op déi kommend Dréiaarbechte virbereed ass.
Dréi
Action! Aus dem Konzept gëtt Realitéit.
Als Produzent schaffen ech mat der modernster Ausrüstung fir Video, Beliichtung an Toun. Egal ob Reklamm, Loftopnamen, Museksvideo oder Interview, ech passe meng Technik un d’Bedürfnisser vun Ärem Projet un.
Postproduktioun
Nom Dréi ass virum Dréi.
Den Dréi selwer ass net alles – Am leschte Stadium vun der Videoproduktioun erstellen ech um Schnëttcomputer äre Film. Ech kucken a sortéieren déi opgeholl Zeenen a schneiden de eigentleche Video zesummen. Audio a Faarwe ginn ugepasst, Animatiounen, Texter, Spriecher an Hannergrondmusek dobäigesat. Sou entsteet aus eenzelen Opnamen e Film no äre Wënsch!
Verbreedung
Zu gudder Lescht...
Egal ob an de soziale Medie, YouTube, op der Telé oder am Kino – Ech bereeden Är Videoe am korrekte Format fir all déi bekannt Plattformen op, sou datt se eng grouss Reechwäit erziele kënnen a vun esou ville Leit wéi méiglech gesinn, gedeelt a gelikt ginn.