Leeschtungen
Film ass net gläich FilmZu menge Leeschtunge gehéieren d'Produktioun vu komplette Videoen esouwéi d'Schaffen als Kameramann, Tountechniker oder Cutter fir Äert Filmteam.
Komplett Videoproduktiounen
Professionell Produktioun vu verschiddene Film- a Videoaarten zu Lëtzebuerg an Ëmgéigend
Produktvideo
Produktvideoen bidden déi ideal Méiglechkeet, äre Produit an Aktioun ze weisen.
Op dës Manéier kann Är Zilgrupp d’Produkt am Kontext erliewen an erhält en ëmfaassende Bléck op all d’Funktiounen a Virdeeler.
Imagefilm
Är Mark huet Eenzegaartegkeet a Charakter, awer dat ass villäicht net fir jiddereen evident? Weist der Welt mat engem Imagefilm, wien Dir wierklech sidd.
Zesumme schwätze mir Äert Publikum emotionell un a schafen eng positiv Perceptioun vun Ärer Mark.
Reklamm/Werbung
Bewerbt Produiten oder Servicer mat engem Reklamefilm an iwwerzeegt Är Clienten.
Anescht wéi beim Imagefilme, deen méi op d’Präsentatioun vun der Markenidentitéit ofzielt, konzentréieren sech Reklammen méi op d’gezielte Vermaarte vu Produiten oder Servicer.
Mat duerchduechte Storylines entwéckelen ech e Werbefilm, deen eng bleiwend Impressioun bei Äre Clienten hannerléisst – egal ob online, op der Telé oder am Kino!
Museksvideo
Mat Museksvideoe hiewt Dir Är Lidder op dee nächste Niveau a schaaft eng méi déif Bindung zu Äre Fans.
Presentéiert Iech mat Ärer Musek a Perséinlechkeet, ergänzt de Contenu vun Äre Lidder visuell a realiséiert Är kënschtleresch Visioun mat engem Museksvideo!
Event-Film
Haalt Är Evenementer fest an deelt se mat der Welt.
Egal, ob et sech ëm Concerten, Hochzäiten, Konferenzen, Sportsevenementer, Firmefeieren oder kulturell Ereegnisser handelt, mat engem Event-Film maacht Dir d’Highlights vun Äre Veranstaltunge fir eng breet Zilgrupp zougänglech!
Loftopnamen
Duerch den Asaz vu Kamera-Drone kritt äre Video Projet ganz nei Perspektiven.
Als Dronepilot mat gültegem Droneführerschäin a moderner Technik, këmmeren ech mech net nëmmen ëm d’Fléien an d’Erstellen vun de Loftopnamen selwer, mee och ëm déi néideg Fluch-Geneemegungen.
Impressionant Dronenopname garantéieren de WOW-Effekt an all Video.
Video Journalismus (VJ)
Als Ee-Persounen-Team iwwerhuelen ech d’Roll vum Journalist, Kameramann, Tountechniker an Editeur gläichzäiteg.
Bei wichtegen Evenementer sinn ech deen éischten op der Plaz an ëmmer matzen dran am Geschéien.
Sou kritt Dir Opnamen, déi d’Ereegnisser live a ganz no un der Realitéit erëmginn.
.
Interview
En Interview ass déi perfekt Méiglechkeet, Är Protagonisten zu Wuert kommen an hiert perséinlecht Geschicht verzielen ze loossen .
Making Of
Äre Film iwwert de Film.
E Bléck hannert d’Kulisse vun Ärem Projet léisst d’Magie vum Entstoe visuell ginn!
Mat engem packenden „Making Of“ maacht dir d’Dier op zu de kreative Prozesser, den Erausfuerderungen an de inspiréierende Momenter, déi Är Produktioun eenzegaarteg maachen.
Corporate Communication
Text-Noriichte ware gëschter!
Verzielt d’Geschicht vun Ärer Firma an vermëttelt Är Wäerter, Visioun an Messagen a Form vun Bewegtbild un Är Clienten, Mataarbechter a Stakeholder.
An villes méi...
Keen passenden Typ vu Video fonnt?
Deelt mer mat, wat fir eng Aart vu Video Dir sicht, wat Är Ziler sinn a wat fir besonnesch Elementer oder Funktiounen Dir integréiere wëllt. Sou fanne mir zesummen déi richteg Aart vu Videoproduktioun fir Iech.
Film- & Video-Allrounder Lëtzebuerg
Op der Sich no Ënnerstëtzung fir Äert Filmteam? Als ausgebilten Mediegestalter Bild & Toun kann ech flexibel agesat ginn, egal ob als Kameramann oder Kameraassistent, Tountechniker oder Tounassistent, Beliichter, Set-Runner oder villes méi.
Kameramann
Tountechniker
Beliichter
Cutter
Setrunner & Villes méi
Als echten Allrounder sinn ech an der Filmbranche flexibel asetzbar. Deelt mir einfach mat, wat/wien Dir braucht:
Social Media Video
Taucht an an d‚Welt vun der Opmierksamkeet!
Mat engem op Mooss geschneiderte Social Media Video verwandelen ech Äre Message a visuell uspriechend Inhalter, déi d‚Häerzer vun Ärer Zilgrupp erueweren.
Loosst Är Mark stralen a kreéiert en digitalen Optrëtt, deen am Gediechtnes bleift.